Militärmusek Live

E Freideg, den 3. September 2021 fënnt ab 20:00 Auer zu Rouspert am Sauerpark e Concert vun der Militärmusek statt. Dëst Charity-Event gëtt organiséiert vun der Rousperter Musek an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Den Erléis vum Owend gëtt un d’Associatioun “Rouspert-Mompech hëlleft asbl” gespennt, fir de Héichwaasseraffer ze hëllefen.

Wichteg: D’Veranstaltung ass „Covid-Check“-konform. D’Rousperter Musek ass zoustänneg fir de Béierstand an d’Iessen.

Kuckt Iech hei de Flyer vum Concert un: Flyer – Militärmusek live am Sauerpark

Wien d’Associatioun finanziell ënnerstëtze wëll, kann dëst mat engem Don op folgende Kont vun der Associatioun maachen:

BCEELULL IBAN LU34 0019 6055 4859 4000

Communication : « Inondation »

Déi gesammelt Spende ginn ausschliisslech benotzt fir Schied ze decken an déi betraffen Awunner ze ënnerstetzen. E Gestiounscomité wäert d’Demanden analyséieren an evaluéieren.Mir soen Iech am Viraus schonn e ganz grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung !

Datum

03 September 2021
Expired!

Uhrzeit

19:00 - 22:00

Labels

Dëse Veräin ënnerstëtzt d'Klima-Charta vun der Gemeng Rouspert-Mompech

Ort

Sauerpark
Rosport
Kategorie

Veranstalter

Musek Concordia Rouspert
QR Code
Skip to content