Entdeckt am Kader vun der Geosite-Hopping-Aktioun geologesch besonnesch interessant Plazen an der Regioun. Den Natur- & Geopark Mëllerdall huet an all senge Membersgemengen ee Bushaische verschéinere gelooss mat jeeweils enger Zeechnung vun engem Geosite aus der betraffener Gemeng. Dës si vum Kënschtler Alan Johnston gemoolt ginn a sollen elo dozou ureegen sech d’Plazen och a Realitéit ukucken ze goen. Och an eiser Gemeng ass een Haische verschéinert gi mam Motiv vun der Hëlt. Dëst op der Haltestell Born, Kapell.

Fannt op dëser Kaart alleguer d’Bushaisercher an d’Geositen, déi Deel vun dëser Aktioun sinn. http://g-o.lu/3/u8qv

Gewannt mat bësse Chance eng Entdeckungs-Tour duerch den Natur- & Geopark Mëllerdall fir bis zu 8 Persoune mat explore.lu. Alles wat een dofir maache muss:

  • Maacht eng Foto vun iech virun engem vun de Bushaisercher, déi Deel vun der Aktioun sinn
  • Maacht eng Foto vun iech beim passende Geosite
  • Post är Fotoe bis de 15. September ëffentlech an de soziale Medie mam #mellerdallgoesunesco oder schéck se per Mail un contest@naturpark.lu

Vill Gléck

Des articles de la même catégorie

Aschreiwung fir d’Bréifwal

Aschreiwung fir d’Bréifwal

Aschreiwung fir d'Bréifwal Ab e Méindeg, 20. Mäerz 2023 kënnt Dir Iech fir d'Bréifwal aschreiwen: iwwer www.myguichet.lu oder per schrëftlech Demande (hei ënnen), déi Dir op der Gemeng kënnt ofginn Inscription au vote par correspondance À partir du lundi, 20 mars...

mehr lesen
35. Grand-prix OST-Manufaktur

35. Grand-prix OST-Manufaktur

Der 5. Souvenir Marcel Gilles, der 35. Grand-Prix OST-Manufaktur und der 99. Grand-prix François Faber werden am Sonntag, 26. März 2023 nach den Regeln der Union Cycliste Internationale (UCI) und der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) ausgetragen....

mehr lesen
Altkleidersammlung

Altkleidersammlung

Dienstag, 21. März 2023 Bitte stellen Sie Ihren Sack mit den Kleidern, Schuhen oder anderen Textilien, gut verschlossen, erst am selben Tag auf den Gehweg. Die Säcke werden ab 8.00 Uhr morgens eingesammelt. Es werden keine Säcke von uns verteilt. Zusätzlich zu den...

mehr lesen