Buergbrennen
De Weekend no der Fuesend ginn traditionnel op ville Plazen an eiser Gemeng d’Buergen, an domat de Wanter verbrannt.
Op insgesamt siwen Plazen ginn d’Buerger verbrannt. Hei eng Iwwersiicht.
Bur
Organisteur: Club des Jeunes Ënnersauer
Wéini: 08. Mäerz 2025
Treffpunkt: Fir de Fakelzuch ass um 19.00 Auer Treffpunkt tëscht am „Wangertswee“, Kräizung „Neie Wee“. Um 19.30 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.
Dickweiler
Organisteur: Déi Dickweiler
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: 19.30 Auer „op der Gläicht“
Hierber
Organisteur: Déi Hierber
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: 18.30 Auer „An den Aessen“
Mompech
Organisteur: Chorale Ste. Cécile Mompech & Mompecher Fräschen
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: Ab 17.00 Auer ass fir Iessen a Gedrénks virun der aaler Gemeng gesuergt. Um 18.00 Auer fänkt de Fakelzuch un. Um 18.30 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.
Rouspert
Organisteur: Jonggeselle Rouspert
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: 19.00 Auer gëtt d’Buerg um „Plateau“ ugefaang.
Steenem
Organisteur: Amicale Pompjeeën Henkel Rouspert Steemem
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: 18.00 Auer baim Pompjeesbau zu Steenem (3, Rue de la Montagne)
Uesweller
Organisteur: Club des Jeunes Uesweller
Wéini: 09. Mäerz 2025
Treffpunkt: 19.00 Auer op der Duerfplaz. Duerno gëtt et ee Fakelzuch bei d’Buerg um „Spatzebierg“.