
D’THERESIA ASS RËM ZERÉCK ZU UESWELLER
Mass mat Aweiung vun der restauréierter Theresienstatu
Sonndes, den 2. Oktober 2022 um 10.30 Auer op der Zëmpelbaach (tëscht Uesweller an Iechternach). Duerno invitéiert d’Gemeng op e Patt.
Bei guddem Wieder fannen d’Aweiung, d’Mass an de Patt op der Plaz statt.
Bei schlechtem Wieder fënnt d’Aweiung op der Plaz statt. Uschléissend gëtt zu Uesweller an der Kierch d’Mass gehalen an de Patt gëtt am Centre culturel „A Lannen“ servéiert.
Kuckt Iech hei de Flyer un: Flyer – Aweiung Theresienstatu
De Schäfferot
Stéphanie Weydert
Patrick Hierthes
Joseph Schoellen
Tom Leonardy
