ENERGYDAY

D‘Klimateam, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rouspert-Mompech, luet op den ENERGY-DAY, de 15. Mee 2022 zu Hierber an der „Hierber Scheier“ an. Ab 10:00 Auer fiert e Shuttle-Bus tëscht der Scheier an dem Pafebierg, wou Dir d’Wandmillen besichen a méi détailléiert Informatiounen
zur Wandenergie kréie kënnt.

An der Scheier kritt Dir op verschidde Stänn Informatiounen zu alternativen Energiequellen déi an eiser Gemeng ze fanne sinn. Kommt a probéiert Elektro-Vëloen um Terrain aus an informéiert Iech och iwwert d’elektresch Autoen, déi mir op der Plaz hunn.

Nieft de lokale Produzenten an Acteuren aus der Gemeng, bitt d’Klimateam Iech am Nomëtteg en ofwiesslungsräiche Programm mat Virträg vun de verschiddenen Acteuren an der Hierber Scheier un:

13:30 – Tudor Musée
14:00 – Naturpakt (Natur- a Geopark Mëllerdall)
14:30 – Klima-Agence
15:00 – Klimapakt mat uschléissender Froëronn

Fir Iessen an Drénken ass de ganzen Dag iwwer gesuergt, dëst mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Amicale vun den Hierber Pompjeeën.

Kuckt Iech hei de Flyer un: Energyday – Flyer

Datum

15 Mai 2022
Expired!

Uhrzeit

10:00 - 17:00

Labels

Dëse Veräin ënnerstëtzt d'Klima-Charta vun der Gemeng Rouspert-Mompech

Ort

Hierber Scheier
Herborn
Kategorie

Veranstalter

Ëmwelt., Verkéiers- a Klimakommissioun
QR Code
Skip to content