Forum-Theater zum Thema Häuslech Gewalt
Den „Théâtre de prévention“, och „Forum-Theater“ genannt, stellt konkret Situatioune vun häuslecher Gewalt duer – mat der physecher, psychescher a sexueller Gewalt – déi Fraen, Kanner an och Männer betreffe kann. Ausgeschafft goufen déi verschidden Theaterzeene vum Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes (MEGA) zesumme mat der Ecole du théâtre, mam Zil, de Sujet vun der Gewalt z’enttabuiséieren, a fir de betraffene Leit, Zeien, Affer, TäterInnen, Handlungsméiglechkeeten opzeweisen, respektiv de Gewaltzyklus ze duerchbriechen.
De Public gëtt am Theater direkt mat der Realitéit vum Betraffene konfrontéiert: Tëscht den Zeene kann ee seng Meenung an Andréck matdeelen. Doduerch entsteet eng Interaktioun an Eegendynamik tëscht de Schauspiller an dem Public, déi dofir suergen, dat dës keng Opféierung wéi déi aner ass. De Public verléisst de Sall bestäerkt, wëssend wéi e mat zukünftege Gewaltsituatiounen ëmgoe kann. Nëmmen duerch eng konsequent Opklärungs- a Preventiounsaarbecht kënne Leit dozou motivéiert ginn, den éischte Schrëtt ze maachen an den Gewaltzyklus ze duerchbriechen.
Théâtre-forum sur la violence domestique
Le „Théâtre de prévention“ ou „théâtre-forum“ présente des situations concrètes de violence domestique – y compris la violence physique, psychologique et sexuelle – qui peuvent toucher les femmes, les enfants et les hommes. Les différentes scènes théâtrales du spectacle proposé par le MEGA (Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes) ont été créées en collaboration avec l’Ecole du Théâtre, dans le but de détabouiser le sujet de la violence, en révélant les options comportementales des personnes concernées: témoins, victimes, et auteurs et de montrer des options à briser le cycle de la violence.
Le public est confronté directement à la pièce: les spectateurs ont la possibilité d’exprimer leurs opinions et impressions. Il en résulte une interaction étroite et une dynamique qui fait qu’aucun spectacle est identique à un autre. Les spectateurs quittent l’auditorium encouragés, sachant comment faire face à des futures situations de violence Ce n’est que par un travail cohérent de sensibilisation et de prévention que nous pouvons encourager les gens à commencer de briser le cycle de la violence.