Grouss Botz 2022
Zesumme fir eng propper Gemeng
Depart ass e Samschdeg, den 26. Mäerz 2022 um 9 Auer bei der „aler Gemeng“ 10, Um Buer L-6695 zu Mompech.
All Participant kritt eng Weebeschreiwung mat op de Wee.
Wann dir nees zeréck sidd, offréiere mir Iech eppes Klenges vum Grill an och eppes ze drénken.
Mellt Iech wgl. bis Dënschdes, den 22. Mäerz 2022 per Telefon 73 00 66—209 oder per Mail reception@rosportmompach.lu un.
Dës Manifestatioun fënnt am Respekt vun den aktuelle Covid-19 Mesure statt a gëtt vun der Ëmwelt-, Verkéiers– a Klimakommissioun zesumme mam Service forestier vun der Gemeng Rouspert-Mompech organiséiert.