Kleng Kiermes zu Steenem
De 15. August fënnt zu Steenem am Centre culturel „Fräihof“ d’Kleng Kiermes mat Kiermesmaart statt. Vun 11:00 Auer un ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt.
Liest Iech hei de Flyer duerch: Flyer – Kleng Kiermes zu Steenem
Dës Manifestatioun gëtt organiséiert vun der Sport- a Familljekommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rouspert-Mompech, dem Haff Wewer vu Steenem, der Landjugend Maacher an der Amiperas Rouspert.
Um Virowend vum Krauwëschdag gëtt um 18.30 Auer d’Mass vun der Chorale Ste. Cécile an der Kierch zu Steenem gesongen.