MERCI !

Solidaritéit ouni Grenzen

 

De Schäffen- a Gemengerot seet Iech alleguer e GANZ GROUSSE MERCI fir déi immens Solidaritéit, Hëllefsbereetschaft, Matgefill a virun allem déi onkomplizéiert Aart a Weis vun all de Bedeelegten, déi an iergendenger Form eng Hand mat ugepaakt hunn.

De Schued ass enorm an ouni déi onzieleg Benevollen, wier dëse Krisenzoustand net ze bewältegen.

MERCI all eisen Awunner, déi mat hirer exemplarescher Noperschaftshëllef Stéit, déi dem Waasser zum Affer gefall sinn, gehollef hunn a weiderhi wäerten hëllefen,

MERCI all de Benevollen, déi de Wee bis bei eis an d’Gemeng fonnt hu fir betraffe Leit ze hëllefen,

MERCI dem CGDIS, déi onermiddlech wärend onzielege Stonne ganz schwiereg a geféierlech Situatioune gemeeschtert hunn,

MERCI un all d’Acteuren aus der Landwirtschaft, déi mat hiren Trakteren a Maschinnen am Asaz sinn,

MERCI all eise Mataarbeschter aus der Verwaltung, dem Service technique wéi och dem Service forestier, déi de ganzen Oflaf organiséiert a koordinéiert hunn,

MERCI all deene Gemengen, déi sech mat Maschinnen a Manpower bedeelegt hunn,

MERCI dem CIGR & ProActif,

MERCI all de staatlechen Instanzen,

A MERCI all deenen, déi gehollef hunn, dës exzeptionnel Situatioun ze meeschteren.

 

Eisen déifste Respekt fir den Zesummenhalt !

 

 ———————————————————————

MERCI !

Solidarité sans limites

 

Le collège échevinal et le conseil communal expriment leur plus grande gratitude pour l’immense solidarité, disponibilité et empathie de toutes les personnes impliquées qui, d’une manière simple et efficace, ont su proposer leur aide.

Les dégâts sont énormes et sans les innombrables bénévoles, cette situation de crise n’aurait pas pu être surmontée.

MERCI à tous les habitants de la commune et aux bénévoles des alentours, qui ont aidé d’une manière exemplaire leurs voisins sinistrés,

MERCI au CGDIS pour leur infatigable effort qui, sans compter les heures, ont maîtrisés des situations extrêmement dangereuses,

MERCI à tous les acteurs du secteur agricole qui, avec leurs tracteurs et machines, sont présents sur le terrain,

MERCI à tous les collaborateurs de l’administration communale, du service technique et du service forestier, qui ont organisé et coordonné l’aide,

MERCI à toutes les communes qui ont prêté main-forte,

MERCI au CIGR & ProActif,

MERCI à toutes les instances étatiques,

MERCI à tous ceux et celles qui ont collaborés pour maîtriser cette situation exceptionnelle.

 

Notre plus grand respect pour votre solidarité !

Des articles de la même catégorie

Aschreiwung fir d’Bréifwal

Aschreiwung fir d’Bréifwal

Aschreiwung fir d'Bréifwal Ab e Méindeg, 20. Mäerz 2023 kënnt Dir Iech fir d'Bréifwal aschreiwen: iwwer www.myguichet.lu oder per schrëftlech Demande (hei ënnen), déi Dir op der Gemeng kënnt ofginn Inscription au vote par correspondance À partir du lundi, 20 mars...

mehr lesen
35. Grand-prix OST-Manufaktur

35. Grand-prix OST-Manufaktur

Der 5. Souvenir Marcel Gilles, der 35. Grand-Prix OST-Manufaktur und der 99. Grand-prix François Faber werden am Sonntag, 26. März 2023 nach den Regeln der Union Cycliste Internationale (UCI) und der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) ausgetragen....

mehr lesen
Altkleidersammlung

Altkleidersammlung

Dienstag, 21. März 2023 Bitte stellen Sie Ihren Sack mit den Kleidern, Schuhen oder anderen Textilien, gut verschlossen, erst am selben Tag auf den Gehweg. Die Säcke werden ab 8.00 Uhr morgens eingesammelt. Es werden keine Säcke von uns verteilt. Zusätzlich zu den...

mehr lesen