Hëlleft alleguer !

Grouss Solidaritéitsbotz – 22.07.2021

 

E grousse Merci deene ville Leit déi bis elo esou solidaresch bäi den Héichwaasserschied de betraffenen Awunner beim Raumen a Botze gehollef hunn.

Et bleift ëmmer nach ganz vill Aarbecht, an aus deem Grond organiséiert d’Gemeng Rouspert-Mompech an Zesummenaarbecht mat der Ëmwelt- a Verkéierskommissioun eng “Grouss Solidaritéitsbotz”.

Jiddereen dee wëll hëllefen, ass häerzlech wëllkomm.

Dësen Donneschdeg, 22.07.2021 um 17 Auer, ass Treffpunkt am „Sauerpark“ zu Rouspert.

 

Mir wäerten hei Ekippen andeelen a gruppéiert op déi betraffe Plaze schécken.

    • Dir sidd gebieden, Iech mat Ärem privaten Auto ze deplacéieren. Car-sharing ass natierlech erlaabt, denkt dee Moment just un Är Mask.
    • Wann dir d’Méiglechkeet hutt, bréngt evt. Händchen, eng Biischt, eng Pëtz oder soss nëtzlech Material mat (mir wäerten och Material zur Verfügung stellen).
    • Denkt wgl. och drun, Iech gutt siichtbar ze kleeden (z.B. Sécherheetsgilet).

Mir freeën eis op Är Mathëllef fir eis Gemeng nees propper ze kréien.

 

E grousse MERCI schonn am Viraus !

Aidez-tous !

Grand nettoyage solidaire – 22.07.2021

 

D’emblée un grand Merci à toutes les personnes qui ont prêté main-forte aux habitants sinistrés.

Nous restons toujours confrontés à une tâche immense, c’est pourquoi la Commune de Rosport-Mompach en collaboration avec la commission de l’environnement a décidé d’organiser un « Grand-nettoyage solidaire ».

Tous ceux qui veulent donner un coup de main sont les bienvenus.

 

Rendez-vous au « Sauerpark » à Rosport ce jeudi 22.07.2021 à 17.00 heures.

 

Les bénévoles partiront groupés aux endroits concernés.

    • Vous aurez besoin de votre propre voiture, le car-sharing est permis, n’oubliez pas votre masque.
    • Si vous avez du matériel comme des gants, brosses ou pinces, apportez-les svp. La commune dispose seulement d’une quantité limitée.
    • Veuillez vous habiller de manière bien visible (p.ex. gilet de sécurité).

Nous nous réjouissons de votre aide afin que notre commune soit de nouveau rendue propre.

 

Un grand MERCI d’avance !

Des articles de la même catégorie

Stromunterbrechung in Osweiler

Stromunterbrechung in Osweiler

Sehr geehrte Einwohner,  Bedingt durch Arbeiten am Stromnetz ist die Stromversorgung in Osweiler am Donnerstag, den 1. Dezember von 9.00 - 12.00 Uhr teilweise unterbrochen. Bitte beachten Sie, dass die Zuschaltung jederzeit, auch vor 12.00 Uhr, erfolgen kann.  Vielen...

mehr lesen
Kleedersammlung

Kleedersammlung

Freides, den 23. September fënnt d'Kleedersammlung an der Gemeng Rouspert-Mompech statt. Leet Äert aalt Gezei, Textilien a Schong an d'Tute virun Är Hausdier. D'Mataarbechter vun der Gemeng kommen déi asammelen.  Mat Ärer Hëllef ënnerstëtzt Dir verschidde sozial an...

mehr lesen