De Weekend no der Fuesend ginn traditionnel op ville Plazen an eiser Gemeng d’Buergen, an domat de Wanter verbrannt. 

Op insgesamt siwen Plazen ginn d’Buerger verbrannt. Hei eng Iwwersiicht. 

Le weekend après carnaval, les brandons sont traditionnellement allumés à travers notre commune pour chasser l’hiver. 

Les brandons sont allumés sur 7 endroits. Voici un aperçu.

Bur

Organisteur: Club des Jeunes Ënnersauer

Wéini: 17. Februar 2024

Treffpunkt: Fir de Fakelzuch ass um 19.00 Auer Treffpunkt tëscht am „Wangertswee“, Kräizung „Neie Wee“. Um 19.30 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.

Dickweiler

Organisteur: Déi Dickweiler

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: 19.30 Auer „op der Gläicht“

Hierber

Organisteur: Déi Hierber

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: 18.30 Auer „An den Aessen“

Mompech

Organisteur: Chorale Ste. Cécile Mompech & Mompecher Fräschen

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: Ab 17.00 Auer ass fir Iessen a Gedrénks virun der aaler Gemeng gesuergt. Um 18.00 Auer fänkt de Fakelzuch un. Um 18.30 Auer gëtt d’Buerg ugefaang.

Flyer – Buergbrennen Mompech

Rouspert

Organisteur: Jonggeselle Rouspert

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: 19.00 Auer gëtt d’Buerg um „Plateau“ ugefaang.

Steenem

Organisteur: Amicale Pompjeeën Henkel Rouspert Steemem

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: 18.00 Auer baim Pompjeesbau zu Steenem (3, Rue de la Montagne)

Uesweller

Organisteur: Club des Jeunes Uesweller

Wéini: 18. Februar 2024

Treffpunkt: 19.00 Auer op der Duerfplaz. Duerno gëtt et ee Fakelzuch bei d’Buerg um „Spatzebierg“.

Des articles de la même catégorie

Offall- a Manifestatiounskalenner 2025

Offall- a Manifestatiounskalenner 2025

Léif Bierger,  Kuckt Iech hei deen neien Offall- a Manifestatiounskalenner vum Joer 2025 un. Chers citoyens,  Vous pouvez consulter ici les nouveaux calendriers des déchets et des manifestations de l’année 2025.

mehr lesen
Fermeture exceptionnelle

Fermeture exceptionnelle

Dënschdes, den 31. Dezember 2024 bleiwen d'Büroe vun der Gemeng zou. D'Freedefeier ass an der Gemeng Rouspert-Mompech tëscht 23:45 an 00:15 Auer erlaabt. Respektéiert wannechgelift Är Matbierger, d'Déieren an d'Ëmwelt. Mardi, le 31 décembre 2024, les bureaux de...

mehr lesen
Schéi Chrëschtdeeg

Schéi Chrëschtdeeg

Léif Bierger,  D'Gemeng Rouspert-Mompech wënscht Iech schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer.  Chers habitants,  la Commune de Rosport-Mompach vous souhaite à toutes et à tous un joyeux Noël et une bonne année.  Liebe Bürger,  die Gemeinde Rosport-Mompach...

mehr lesen
Skip to content