Aktioun „Gielt Band“: Hei ass plécken erlaabt!
All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.
D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun „Gielt Band“, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (Syvicol) an d’Liewe geruff huet. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.
