Aktioun „Gielt Band“

Zesumme géint d‘Liewensmëttelverschwendung!

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten a laanscht d’Weeër ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken, fir de Jus auszepressen oder domat Kompott oder Gebeess ze kachen.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun „Gielt Band“, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (Syvicol) an d’Liewe geruff huet. D’Gemenge kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, un der Aktioun.

Gielt Band: pléckt dëst Uebst!

Wann d’Uebst zeideg ass, fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eisen Knowhow um Liewen ze erhalen.

Gielt Band“-Charta fir Leit, déi Uebst plécke wëllen
  • Nëmmen d’Uebst vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerf gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Uebst ass fir de Privatgebrauch bestëmmt.
  • Pléckt nëmmen déi Quantitéit un Uebst, déi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur an deem selwechten Zoustand, an deem Dir se virfonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • Dir pléckt op Är eege Verantwortung.

 

Des articles de la même catégorie

35. Grand-prix OST-Manufaktur

35. Grand-prix OST-Manufaktur

Der 5. Souvenir Marcel Gilles, der 35. Grand-Prix OST-Manufaktur und der 99. Grand-prix François Faber werden am Sonntag, 26. März 2023 nach den Regeln der Union Cycliste Internationale (UCI) und der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) ausgetragen....

mehr lesen
Altkleidersammlung

Altkleidersammlung

Dienstag, 21. März 2023 Bitte stellen Sie Ihren Sack mit den Kleidern, Schuhen oder anderen Textilien, gut verschlossen, erst am selben Tag auf den Gehweg. Die Säcke werden ab 8.00 Uhr morgens eingesammelt. Es werden keine Säcke von uns verteilt. Zusätzlich zu den...

mehr lesen
Relais pour la vie 2023

Relais pour la vie 2023

Dëst Joer fënnt den 25. an 26. Mäerz 2023 nees de Relais pour la vie statt. D’Sport- an Familljekommissioun vun der Gemeng Rouspert-Mompech organiséiert dofir e Mini - Relais pour la vie Sonndes, den 26. Mäerz 2023 Moies am Sauerpark. Hei kënnt dir op engem...

mehr lesen