Méindes, den 21. September 2020 war d’Präisiwwerreechung vum Bauhärepräis an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.
Organiséiert gouf dës Iwwerreechung vun der OAI, dem „Ordre des architects et des ingenieurs-conseils.“
D’Gemeng Rouspert-Mompech war och fir ee Präis nominéiert. An der Kategorie „Prix Spécial Courage maître d’ouvrage“ konnt d’Gemeng Rouspert-Mompech déi éischte Plaz mam Centre culturel „a Lannen“ zu Uesweller beleeën.
Hei kënnt Dir Iech ee klenge Video zu dem Gebai ukucken: www.youtube.com/bauhäreprais-commune-de-rosport-mompach
Weider Informatioune fannt Dir hei: https://www.bhp.lu/