Den Natur- & Geopark Mëllerdall lancéiert en ëffentlechen Opruff fir Kandidature fir d’Erneierung vu senger Commission consultative.

Dës Kommissioun ass en Ambassadeur a Multiplikator fir d’Missiounen a Projete vum Natur- & Geopark. Si bitt eng Plattform, wou iwwer Projete vum Natur- & Geopark kann informéiert an diskutéiert ginn an si gëtt en Avis zum Budget of.

Dësen Appell adresséiert sech laut Règlement grand-ducal du 17 mars 2016 portant déclaration du Parc Naturel du « Mëllerdall »:

  • u lokal a regional Interessensgemeinschaften aus dem Domaine vun der Landwirtschaft, dem Tourismus, de PME, dem Natur- an Ëmweltschutz, der Kultur, dem Urbanismus an der Energie an u privat Associatiounen déi am Interêt vun den Ziler vum Natur-& Geopark schaffen souwéi
  • un d’Awunner vun de Membersgemenge Bäerdref, Bech, Beefort, Iechternach, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg an dem Bäitrëttskandidat Reisduerf, déi interesséiert sinn an dëser Kommissioun matzeschaffen.

D’Kompositioun, d’Missiounen an de Fonctionnement vun der Kommissioun ginn duerch dat genannte Reglement definéiert.

Op Basis vun den agereechte Kandidaturen nominéiert de Comité vum Natur- & Geopark Mëllerdall d’Memberen.

Schrëftlech Kandidaturen fir dëse benevollen Engagement solle virum 20. September 2023 un de Bureau vum Natur- & Geopark Mëllerdall geschéckt ginn, 8, rue de l ‚Auberge, L-6315 Beaufort (E-mail: info@naturpark-mellerdall.lu, Tel: 26 87 82 91). Fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech per E-mail oder Telefon un eis wenden.

Des articles de la même catégorie

Autoconsommation

Autoconsommation

Wie wäre es, wenn Sie Ihren eigenen Strom nutzen ... um Ihre Energieautonomie zu erhöhen und zum Klimaschutz beizutragen. Die Vorteile des Eigenverbrauchs Eine Photovoltaikanlage erzeugt Strom, den Sie entweder direkt verbrauchen oder gegen eine Vergütung ins Netz...

mehr lesen
Route barrée – Rue Henri Tudor à Rosport

Route barrée – Rue Henri Tudor à Rosport

Bedingt durch Infrastrukturarbeiten (Post Luxembourg – Glasfaser) wird die „Rue Henri Tudor“ ab Dienstag, den 16. Juli 2024 bis einschließlich Freitag, den 26. Juli 2024 für den Verkehr gesperrt sein (siehe Rückseite). Die Müllabfuhr wird zu den geplanten Daten...

mehr lesen
Vacance de poste

Vacance de poste

L’Administration communale de Rosport-Mompach se propose d’engager pour les besoins de son service nettoyage, un agent de nettoyage m/f à durée déterminée (12 mois) et à tâche partielle (25 heures/semaine) rémunéré(e) suivant le groupe de salaire B de la convention...

mehr lesen
Skip to content