D’Formatioun vun 16 Stonne gëtt op lëtzebuergesch gehalen a behinhalt theoretesch a praktesch Cours’en. Fir eng Attestatioun vum Éischt Hëllefs Cours ze kréien gëtt d’Präsenz an eng aktiv Bedeelegung an all Cours gefuerdert. D’Formatioun behandelt folgend Sujet’en:
- Accidenter a Wonnen
- Verbrennungen a Verbänn
- Bluddungen a Frakturen
- Bewosstlosegkeet a stabil Säitlag
- Otmung a Reanimatioun
- Häerz, Defibrillateur (DSA) a Kannerreanimatioun
- Ausdoen vun engem Motorradshelm
D’Formatioun fënnt den 18. a 25. Juni 2022 vun 8:00 bis 17:00 Auer zu Uesweller am Centre culturel „A Lannen“ statt.
Aschreiwung an weider Informatiounen fannt Dir op www.cours.cgdis.lu.
De Flyer kënnt Dir Iech hei ukucken: Flyer – Éischt-Hëllefs-Cours
