D’Memberstaaten aus der EU hu sech gëeenegt fir zesummen en Effort ze maache fir d’Consommatioun vum Gas iwwert de Wanter ëm 15% erofzesetzen.

D’Gemenge goufen opgefuerdert fir och hiren Deel dozou bäizedroen.

Niewent de Bestriewunge vun der Gemeng Rouspert-Mompech fir am Kader vum Klimapakt d’Emissiounen an d’Stroumconsommatioun ze reduzéieren, huet de Gemengerot an der Sitzung vum 19. Oktober 2022 folgend Mesure festgehal:

1. D’Temperatur an den ëffentleche Gebaier (ausser d’Schoulen) gëtt ëm 1 Grad erofgesat.

2. An der Zäit tëscht 23.00 a 06.00 Auer ginn d’Beliichtunge vun ëffentleche Gebaier (Gemeng, Kierchen, Schoulen, Centres polyvalents) ausgeschalt.

3. Sou wäit wéi méiglech ginn an der Zäit tëscht 23.00 a 06.00 Auer d’Beliichtungen op de Vëlos- a Foussgängerweeër ausgeschalt.

4. Eng „best practice“-Campagne gëtt a sämtlechen ëffentleche Gebaier lancéiert.

5. Et ginn zousätzlech Suen am Budget virgesinn fir an d’Moderniséierung vun den Heizungen, Waasserinstallatiounen a Luuchten an de Gebaier ze investéieren. 

6. Chrëschtbeemercher ginn ausschliisslech mat LED-Luuchten dekoréiert a ginn tëscht 23.00 a 06.00 Auer ausgeschalt.

Energiesparmaßnahmen – Gemeng ROMO (LU)

Infografik – EBL – Eist Klima, kleng schrëtt

Économiser de l’énergie – réduire les coûts

Les Etats membres de l’UE se sont mis d’accord pour prendre une décision commune pour réduire la consommation de gaz de 15% pendant l’hiver.

Les communes ont été invitées à apporter leur contribution.

Outre les efforts de la Commune de Rosport-Mompach pour réduire les émissions et la consommation d’électricité dans le cadre du pacte climat, le conseil communal a adopté les mesures suivantes lors de sa séance du 19 octobre 2022 :

1. La température est abaissée d’un degré dans les bâtiments publics (sauf les écoles).

2. Entre 23.00 et 6.00 heures, l’éclairage des bâtiments publics (communes, églises, écoles et centres culturels) est éteint.

3. Dans la mesure du possible, l’éclairage des voies piétonnes et cyclables est éteint entre 23.00 et 6.00 heures.

4. Une campagne de „bonnes pratiques“ est affichée dans tous les bâtiments publics.

5. Le budget de la commune prévoit des fonds supplémentaires pour investir dans la modernisation du chauffage, des installations d’eau et de l’éclairage.

6. Les sapins de Noël sont exclusivement décorés avec des lampes LED et sont éteints entre 23.00 et 6.00 heures

Energiesparmaßnahmen – Gemeng ROMO (FR)

Infografik – EBL – Eist Klima, kleng schrëtt

Des articles de la même catégorie

Grouss Botz 2024

Grouss Botz 2024

Zesumme fir eng propper Gemeng Den Depart ass e Samschdeg, den 23. Mäerz 2024 um 9:00 Auer bei der fréirer Gemeng, 10, Um Buer L-6695 zu Mompech. All Participant kritt op der Plaz eng Weebeschreiwung mat op de Wee. Wann Dir nees zeréck sidd, offréiert d’Gemeng...

mehr lesen
„Eis Hausdéieren, komm mir schwätzen iwwer…“

„Eis Hausdéieren, komm mir schwätzen iwwer…“

Vill Awunner aus der Gemeng Rouspert-Mompech beschwéieren sech reegelméisseg iwwer Hondskéip um Trottoir oder op ëffentleche Plazen. D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) huet ënnert dem Thema "Eis Hausdéieren, komm mir schwätzen iwwer..." eng Infografik publizéiert, déi...

mehr lesen
Travaux routiers à Rosport

Travaux routiers à Rosport

D'Ponts et Chaussées deelt mat, datt de Verkéier am Agank vu Rouspert (Richtung Steenem) vu Méindes, de 19. Februar bis Freides, den 1. Mäerz 2024 wéinst Aarbechte mat roude Luuchte geregelt gëtt. L'Administration des Ponts et Chausées informe que la circulation à...

mehr lesen
Skip to content