Den Natur- & Geopark Mëllerdall lued zesummen mam Energiepark Mëllerdall an der Klima-Agence op zwee Informatiounsowender ronderëm d’Thema Photovoltaik an

27. Juni 2023 um 19.30 Auer zu Bech am Centre Culturel “Hanner Bra” (11, Hanner Bra, 6231 Bech)

13. Juli 2023 um 19.30 Auer zu Hiefenech am Centre culturel et sportif (13, Stenkel, 7652 Heffingen)

Et erwaart Iech folgende Programm:

Allgemeng Aféierung Photovoltaik

Maurice Casel – Klima-Agence

Den Expert vun der Klima-Agence informéiert Iech ëmfaassend iwwer d’Thema Photovoltaik. Wéi eng Flächen eegnen sech fir eng PV-Anlag? Wéi héich sinn d’Aspeisetariffer a wéi eng finanziell Bäihëllefe ginn et? Wéi kann ech mäin produzéierte Stroum selwer notzen?

Vun der Theorie an d’Praxis

Laurent Hennico – Energiepark Réiden

Wéi gesinn Eegeverbrauchsprojete mat Batteriespäicher an der Praxis aus? Wéi eng Erfarungswäerter ginn et mat sougenannte Balkonkraaftwierker?

Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall”

Marc Weides – President Energiepark Mëllerdall

Dir hutt keng eegen Dachfläch, ären Dach eegent sech net fir eng PV-Anlag oder en ass scho voll beluecht? Dann ass eng Bedeelegung un der regionaler Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall” villäicht dat richtegt fir Iech. Mir stellen Iech déi regional Energiekooperativ an hir Projete vir an erklären Iech, wéi Dir Member gi kënnt.

Gratis Entrée, eng Umeldung ass net néideg.

La séance d’information aura lieu en luxembourgeois, une traduction orale directe en français pourra être assurée, s’il y a au moins 3 intéressés. Pour bénéficier de ce service, une inscription au plus tard jusqu’au 22.6. / 10.7. est obligatoire (info@naturpark-mellerdall.lu, tél.: 26 87 82 91-24).

Flyer PV-Events 2023

Des articles de la même catégorie

3. Luxembourg Classic

3. Luxembourg Classic

Am Freitag, den 29. September 2023 und Samstag, den 30. September 2023 wird es zur Neuauflage der LUXEMBOURG CLASSIC kommen. Start und Ziel der zweitätigen Rundfahrt durch das Großherzogtum ist Luxembourg. Aber auch in der Gemeinde Rosport-Mompach kann man das...

mehr lesen
Welcome back to school

Welcome back to school

Mir wënschen sämtleche Schüler, dem Léierpersonal an dem Personal aus de Maison Relaisen eng flott Rentrée. Passt wegl Är Vitesse an den Dierfer a virun allem bei a ronderëm d’Schoulen un. Nous souhaitons à tous les élèves, au personnel enseignant et au personnel des...

mehr lesen
Rentrée scolaire – Parking

Rentrée scolaire – Parking

Das Schuljahr beginnt am Freitag, den 15. September 2023. Um die Sicherheit auf den Schulgeländen in Born, Mompach und Rosport zu gewährleisten, finden Sie anschließend Lagepläne mit Zonen, die exklusiv für die Eltern bzw. das Lehrpersonal reserviert sind.  Für einen...

mehr lesen