Eng virtuell Konferenz mam Carole Dieschbourg zum neien Naturpark a Klimapakt 2.0.
D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung an de Schäfferot invitéieren Iech op eng virtuell Presentatioun vum neien Naturpark a Klimapakt 2.0.
Wéini: Freiden, den 11. Dezember 2020 vun 14:00 bis 16:00.
Wou: Iwwer Livestream um Internetsite www.emwelt.lu an op der Facebooksäit vum Ëmweltministère.
Programm:
– Presentatioun vum Naturpark a vum Klimapakt 2.0
– Diskussioun op Basis vun de gestallte Froen oder Reflexiounen déi iwwer Email live kënnen era geschéckt ginn.