Loosst eis elo zesummen handelen

D’Regierung bitt Wunnengssubsiden an eng Rei vun Ënnerstëtzungsmoossnamen un, fir energieeffizient Renovatiounen an de nohaltege Bau vu Wunnengen ze fërderen, Heizsystemer mat erneierbaren Energien an Investitiounen an d’Photovoltaik z’ënnerstëtzen esouwéi de Kaf vun elektresche Gefierer an d’Installatioun vu Luedstatiounen ze promouvéieren:

  • Klimabonus-Subventiounen
  • sozialen Top-up
  • Klimaprêt

D’Lëtzebuerger Gemengen, d’Energiefournisseuren an de fonds nova naturstroum ënnerstëtzen Iech, fir den Erfolleg vun Äre Projeten ze garantéieren.

Simuléiert d’Subventiounen, fir Äre Projet ze finanzéieren

Mam Bäihëllefen-Simulator vu Klima-Agence fannt Dir eraus, wéi vill Dir kritt fir Äre Bäitrag zum Klimaschutz an zur Energietransitioun.

1. Bestëmmt, wat Dir wëllt maachen.
2. Wielt déi entspriechend Klimabonus-Bäihëllefen aus.
3. Passt Är Auswiel un Är spezifesch Situatioun mat e puer Mausklicken un.
4. Dir kritt eng Lëscht mat alle Subventiounen, fir zum Klimaschutz an der Energietransitioun bäizedroen!

Personaliséiert, neutral a gratis Berodung

Fir méi iwwer déi verfügbar Bäihëllefe gewuer ze ginn an Äre Projet unzefänken, huelt Iech e Rendez-vous mat Ärem Klima-Agence-Beroder! Eng Berodung ka bei Iech doheem, iwwer Videokonferenz oder iwwer Telefon ofgehale ginn. Dëse Service gëtt vu Klima-Agence an Ärer Gemeng finanzéiert.

www.klima-agence.lu 

Tel.: 8002 11 90

Brochure – Klimaagence – Klimabonus (LU)

Brochure – Klimaagence – Klimabonus (EN)

Brochure – Klimaagence – Klimabonus (FR)

Des articles de la même catégorie

Vacance de poste – Aide-mémoire

Vacance de poste – Aide-mémoire

L’Office Social Echternach & Rosport-Mompach se propose d’engager un salarié à tâche intellectuelle (m/f/x) à 20 h moyennant un contrat à durée indéterminée ; carrière SAS – C4 pour assumer les tâches de secrétaire de l’Office Social. Missions :• Préparer,...

mehr lesen
cityapp Rosport-Mompach

cityapp Rosport-Mompach

Déi nei Versioun vun eiser cityapp ass do! Luet Iech d'App am Apple Store oder Google Play Store elo erof a profitéiert vun engem moderne Look a méi Informatioune. Apple Store Google Play StoreLa nouvelle version de notre cityapp est arrivée ! Téléchargez...

mehr lesen
Skip to content