Am Kader vum internationale Fraendag, dem 8. Mäerz kréien folgend Stroossen vum 8. bis den 31. Mäerz 2024 e symboleschen Numm.

  • zu Dickweiler gëtt aus der „Place René Hubert“ –> Rue Laura Bassi
  • zu Mompech gëtt aus der „Duerfstroos“ –> Rue Jane Marcet
  • zu Rouspert gëtt aus der „Rue Henri Tudor“ –> Rue Emilie du Châtelet an aus der „Rue Luc Bonbet“ –> Rue Astrid Lindgren
  • zu Hierber gëtt aus der „Fleeschgaass“ –> Rue Marguerite Thomas Clement
  • zu Bur gëtt aus der „Am Eder“ –> Rue Ruth Bader-Ginsburg
  • zu Steenem gëtt aus dem „Ënnerem Duerf“ –> Rue Nelly Flick
  • zu Méischdref gëtt aus „Op der Faer“ –> Rue Aline Mayrisch

Les rues au féminin 2024 – Dossier de presse

Laura Bassi (29.10.1711 - 20.02.1778)

 

Laura Bassi gouf 1733 als éischt Fra an Europa zur Professorin fir Philosophie (dorönner och theoretesch Deeler vun der Physik) un der Universitéit Bologna ernannt.

Sie gouf wéngst hirer grousser Begabung, déi sech fréi gewisen huet, haut och oft als Wonnerkand bezeechend. Schon am Alter vun 8 Joer beherrscht sie die laténgesch Sprooch sou gudd, dass sie och schwéier Texter liesen und den Inhalt gudd erem ka ginn.  Hiren Hausschoulméchter Tacconi war iwwert hir Fortschretter sou beandrockt, dass hien sie mat 22 Joer viru Medizinerkollegen und aneren Wëssenschaftler debattéire  gelooss huet. Hirt Optrieden huet sie all esou stark beandrockt, dass sie als Éiremember an d’Akademie vu Bologna opgeholl ginn ass.

Am Abbrëll 1732 huet sie während engem groussen öffentlechen Spektakel am Gemengenhaus vu Bologna eng 2 stonnelaang Dokteschprüfung bestanen wärend där sie 49 Thesen vertrueden huet an den Doktortitel an der Phililosophie krut.

En 1733, Laura Bassi fut la première femme en Europe à être nommée professeur de philosophie (y compris les parties théoriques de physique) à l’Université de Bologne.

En raison de son grand talent, qui s’est manifesté très tôt, elle est souvent décrite, encore aujourd’hui, comme une enfant prodige. A 8 ans, elle maîtrise si bien la langue latine qu’elle peut lire même des textes difficiles et bien répéter le contenu. Tacconi, son professeur, a été tellement impressionné par ses progrès qu’il l’a laissée débattre devant des collègues médecins et d’autres scientifiques à l’âge de 22 ans. Sa performance les a tellement impressionnés qu’elle a été acceptée comme membre honoraire de l’Académie de Bologne.

En avril 1732, elle réussit un examen de doctorat de 2 heures lors d’un grand spectacle public à la mairie de Bologne, au cours duquel elle présenta 49 thèses et reçut le titre de docteur en philosophie.

Jane Hadlimand ép. Marcet (01.01.1769 - 28.06.1858)

 

Jane Marcet ass Autorin vum Buch Conversations on Chemistry.

Dest Buch riicht sech u jonk Meedercher a gouf als Dialog tëscht der fiktiver Gouvernante „Mrs. B” an hire Schülerinnen Emily a Caroline duergestallt. Dës Form vun Dialog huet sech nëtzlech bewise fir d’Kanner beim Léieren z’ennerstëtzen. Wéinst sengem attraktive Stil an einfach erstallten Experimenter huet d’Buch no senger Verëffentlechung am Joer 1806 wäit verbreete Popularitéit genoss. Déi drëtt Editioun vun de Conversations soll dem jonke Michael Faraday säin Interessi un der Chimie gefouert hunn. Eleng a Groussbritannie goufe 16 Editioune vum Buch publizéiert.

Et gouf och international e Bestseller, besonnesch a Frankräich an an Däitschland. Et gëtt elo als dat meeschtverkaaften engleschsproochegt Buch aus der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert ugesinn.

Jane Marcet est l’auteur du livre Conversations sur la chimie.

Ce livre s’adresse aux jeunes filles et a été écrit sous la forme d’un dialogue entre la gouvernante fictive „Mrs. B »et ses élèves Emily et Caroline. Cette forme de dialogue s’est avérée utile pour soutenir l’apprentissage des enfants. En raison de son style attrayant et de ses expériences simples, le livre a connu une grande popularité après sa publication en 1806. La troisième édition des Conversations aurait éveillé l’intérêt du jeune Michael Faraday pour la chimie. Rien qu’en Grande-Bretagne, 16 éditions du livre ont été publiées.

Il est également devenu un best-seller international, notamment en France et en Allemagne. Il est aujourd’hui considéré comme le livre en anglais le plus vendu de la première moitié du XIXe siècle.

Émilie du Châtelet (17.12.1706 - 10.09.1749)

Franséische Mathematikerin, Physikerin, Philosophin an Iwwersetzerin vun der fréierer Opklärung. Si huet dem Newton seng Philosophiae Naturalis Principia Mathematica iwwersat. Am laange bal ausschliisslech männlechem Gebidd vun den Naturwëssenschaften, gett d’Emilie du Châteliet als eng vun den éischten aflossräiche Wëssenschaftler ugesinn, deenen hir Schrëfte konservéiert goufen. Si huet och fir d’Bedeelegung vun de Fraen un all Mënscherechter opgeruff.

Mathématicienne, physicienne, philosophe et traductrice française du début des Lumières. Elle est renommée pour sa traduction en français des Principia Mathematica de Newton, qui fait encore autorité aujourd’hui. D’ailleurs, dans le domaine de la « philosophie naturelle » — c’est ainsi qu’on appelait les sciences physiques à cette époque – longtemps presque exclusivement masculin, Émilie du Châtelet est considérée comme l’une des premières femmes scientifiques d’influence dont on ait conservé les écrits. Elle a également appelé à la participation des femmes à tous les droits humains.

Astrid Lindgren (14.11.1907 - 28.02.2002)

Mat enger Gesamtunzuel vu ronn 165 Millioune Bicher (Stand Februar 2019) ass si eng vun de bekannteste Kanner- a Jugendbuchautoren op der Welt. Hir Wierker si weltwäit an 106 verschiddene Sproochen iwwersat, wat si zu enger vun den am meeschten iwwersaten Auteuren mécht. D’Schrëftstellerin ass déi spirituell Mamm vum Pippi Langstrumpf, dem Michel vu Lönneberga, dem Ronja der Raiberduechter, dem Madita, dem Mio, dem Kalle Blomquist, dem Karlsson vum Daach, de Kanner vu Bullerbü a vill aner Personnagen.

Avec un nombre total d’environ 165 millions de livres (février 2019), elle est l’un des auteurs les plus célèbres au monde de livres pour enfants et jeunes. Ses œuvres ont été traduites dans 106 langues différentes dans le monde, ce qui en fait l’une des auteurs les plus traduites. L’écrivain est la mère spirituelle de Pippi Brindacier, Michel von Lönneberga, Ronja la fille du voleur, Madita, Mio, Kalle Blomquist, Karlsson du Toit, les enfants de Bullerbü et bien d’autres personnages.

Rtuh Bader-Ginsburg (1933 - 2020)

Riichterin assesseure beim Ieweschte Geriichtshaff vun de Vereenegte Staaten vun Amerika

D’Ruth Bader Ginsburg ass 1970 Matgrënnerin vum Women’s Rights Law Reporter, di éischt amerikanesch Zeitung, déi sech exklusiv mat de Fraerechter beschäftegt. 1972 grënnt si de Women’s Rights Project mat an de Lokaler vun enger Associatioun genannt « Union américaine pour les libertés civiles » a gett 1973 hir Affekotin. De Women’s Rights Project setzt sech a méi wéi 300 Dossiere géint sexistesch Diskriminatioun an.

D‘Ginsburg geet vun 1973 bis 1976 a sechs Fäll vu sexistescher Diskriminatioun bis an den Ieweschte Geriichtshaff. A fënnef Fäll kritt si Recht. Si huet sech e  Ruff als kompetent Affekotin gemaach an hir Aarbecht huet dozou bäigedroen der Diskriminatioun a villen Domäner vum Droit en Enn ze setzen. D‘Ruth Bader-Ginsburg, Riichterin zënter 1980, gëtt 1993 vum President Bill Clinton als 2. Fra an den Ieweschte Geriichtshaff genannt.

Juge assesseure de la Cour suprême des États-Unis

Ruth Bader Ginsburg est co-fondatrice du Women’s Rights Law Reporter en 1970, premier journal américain qui se concentre exclusivement sur les droits des femmes. En 1972, elle co-fonde le Women’s Rights Project dans les locaux d’une association appelée Union américaine pour les libertés civiles et devient en 1973 son avocate générale. Le Women’s Rights Project travaille sur plus de 300 cas de discriminations sexistes.

Ginsburg fait valoir six cas de discrimination de genre devant la Cour suprême entre 1973 et 1976. Elle remporte cinq victoires. Elle s’est forgée une réputation d’avocate compétente et son travail a permis de mettre fin à la discrimination de genre dans de nombreux domaines du droit. Ruth Bader-Ginsburg, devenue juge en 1980, est nommée à la Cour suprême en 1993, par le président Bill Clinton. Elle est alors la deuxième femme à siéger à la Cour suprême.

Aline Mayrisch-de Saint-Hubert (1874 - 1947)

Engagéiert Feministin, Grënnerin vun der éischter Fraenorganisatioun zu Lëtzebuerg

D‘Aline Mayrisch huet sech jorelaang fir d’Ausbildung vun de jonke Meedercher agesat. 1909 grënnt si eng Associatioun, där hiert Ziel de Bau vun engem Lycée fir Meedercher ass.  De Staat stëmmt ënnert verschiddene Bedingungen zou an och nëmme fir 3 Joer. D‘Associatioun huet misse beweisen, datt e Besoin besteet fir de Meedercher no der Primärschoul eng Ausbildung ze erméiglechen. Den aktuelle Lycée Robert-Schuman gouf am Quartier Lampertsbierg gegrënnt.

Vill biergerlech Familljen hunn hir Meedercher an dëse Lycée geschéckt. De lëtzebuergesche Meedercher war et bis dohin net erlaabt an de Lycée ze goen.  D‘Aline Mayrisch an hir Komeroden hu sech weiderhin an trotz grousse Protester fir dës Cause agesat. 1911 hate si hir d’Zil erreecht. D‘Chamber stëmmt eestëmmeg fir d’Grënnung vu subventionéierte Schoule fir Meedercher an der Haaptstad an zu Esch/Uelzecht.

Féministe engagée, fondatrice de la première organisation de femmes au Luxembourg.

Aline Mayrisch se démarqua surtout par ses années de lutte acharnée en faveur de meilleures opportunités d’éducation pour les jeunes femmes. En 1909, elle fonda une association consacrée à la construction d’un lycée, l’« Association pour la création d’un lycée de jeunes filles ». Cette même année, l’État consentit à la création d’un lycée, mais sous certaines conditions et seulement pour trois ans. L’association devait démontrer à cette époque qu’il y avait un réel besoin d’une école secondaire pour les filles. C’est ainsi qu’un établissement scolaire (l’actuel lycée Robert-Schuman) fut fondé dans le quartier du Limpertsberg à Luxembourg.

De nombreuses familles bourgeoises luxembourgeoises envoyèrent leurs filles à cette nouvelle école. Les filles luxembourgeoises n’étaient auparavant pas autorisées à fréquenter les écoles secondaires publiques. Aline Mayrisch et ses camarades firent progresser le débat en dépit de vives protestations. En 1911, la campagne atteignit son but, lorsque la Chambre des Députés luxembourgeoise vota à l’unanimité en faveur d’écoles de filles subventionnées par l’État dans la capitale Luxembourg-Ville et à Esch-sur-Alzette.

Marguerite Thomas-Clement (1886 - 1979)

Porte-parole fir d’Fraen an der Chamber vun 1919 bis 1931

1919 : Di éischt Fra an der Chamber

Marguerite Thomas-Clement, vu Beruff Schoulmeeschtesch, gëtt bei den éischte allgemenge Walen 1919 als éischt Fra vu véier Kandidatinnen op der Wielerlëscht an d’Chamber gewielt. An der Chamber schwätzt si Themen un, déi meeschtens vun der Lëtzebuerger Gesellschaft aus den 20er Joren ignoréiert ginn. Si mécht op di schlecht Aarbechtskonditiounen a Gehälter vun de Fraen opmierksam déi an der Stolindustrie schaffen. Si kritiséiert di miserabel Situatioun vun de staatlechen Hëllefskräften, féiert erfollegräich eng Motioun an fir de Verkaf vun Alkohol ze reduzéieren a gëtt Porte-parole fir d’Fraen an deem si di bedauerlech hygienesch Zoustänn an der Maternité denoncéiert. Si zéckt och net fir sech fir d’Prostituéierten anzesetzen, déi an de Fraeprisong kommen well se ustiechend Krankheeten hunn.

La porte-parole des femmes au parlement de 1919 à 1931

1919 : La première femme entre au parlement

L’institutrice Marguerite Thomas-Clement, une des quatre candidates sur les listes, est élue au parlement lors des premières élections tenues selon le suffrage universel. La première députée luxembourgeoise restera la seule jusqu’en 1931.

Elle aborde au parlement des sujets qui sont le plus souvent ignorés dans la société luxembourgeoise des années 20. Elle attire l’attention sur les mauvaises conditions de travail et de rémunération des femmes travaillant dans la sidérurgie. Elle critique la situation misérable des auxiliaires de l’État, introduit avec succès une motion pour réduire la vente d’alcool et se fait « porte-parole des femmes » lorsqu’elle dénonce les conditions d’hygiène déplorables à la maternité de la capitale. La députée n’hésite pas non plus à défendre les prostituées emprisonnées pour raison de maladies contagieuses à la prison des femmes.

Nelly Flick (1902 - 1963)

Affekotin, Fraerechtlerin

Gebierteg vun Esch-Uelzecht, huet d‘Nell Flick laang zu Lamadeleine gelieft, wou hire Papp Direkter an de Minière war. No hirem Droit-Studium am Frankräich, huet si 1928 den Eed als Affekotin ofgeluecht. Wa si wärend hirer Kandheet vill vum schwéiere Liewen vun den ausgebeuten Aarbechter matkritt huet, huet den Affekotinneberuff si op di nach méi grouss Ausbeutung vun de Fraen opmierksam gemaach. Si ass mam Misär vu Fraen aus alle Gesellschaftsklassen konfrontéiert ginn. Si denoncéiert di Ongerechtegkeeten déi an de Gesetzer verankert sinn a mécht aus hirem Asaz fir d’Fraerechter hiren Haaptuleies.

1934 gëtt si an de Gemengerot vun der Stater Gemeng gewielt, wou si hire Fräiheetsgeescht behält an hire Kampf am Interessi vun de Fraen fortsetzt. Mat der däitscher Besatzung gëtt si vun hire Funktiounen entlooss an a Schlesien deportéiert. Sie kënnt 1945 erëm an hëllt hir Aarbecht um Barreau an am Gemengerot nees op.

Vu Mäerz bis August 1945, gëtt si Member vun der Assemblée Consultative genannt, déi d’Chamber bis zu den éischten Walen nom Krich ersetzt.

Avocate, défenseuse des droits de la femme

Née à Esch-sur-Alzette, Nelly Flick vit longtemps à Lamadeleine où son père est directeur de minières. Après ses études de droit en France, elle prête le serment d’avocat en 1928. Si, dans son jeune âge, elle avait côtoyé la vie dure des ouvriers exploités, son métier d’avocate lui apprend que les femmes des ouvriers l’étaient davantage. Elle est confrontée avec les misères des femmes de toutes les classes sociales et les situations indignes dans lesquelles les lois les tiennent. Elle dénonce les injustices ancrées dans les lois et fait, de la défense de la cause féminine, son cheval de bataille.

Élue au conseil communal de la Ville de Luxembourg en 1934, elle garde sa grande indépendance d’esprit et continue sa bataille pour les intérêts de la femme. Avec l’occupation allemande, vient sa destitution de ses fonctions et sa déportation en Silésie. Elle rentre en 1945 et reprend son travail au Barreau et au conseil communal.

Elle est désignée comme membre de l’Assemblée Consultative, qui remplace le parlement jusqu’aux premières élections nationales de mars à août 1945.

Des articles de la même catégorie

RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

En raison de travaux routiers, la N.10 entre Rosport et Steinheim sera barrée à toute circulation le mardi 7 mai 2024 de 8h00 à 17h00. Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux. AVIS RGTR - 286_2024_N10 Rosport - Steinheim Pour plus...

mehr lesen
Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Ponts & Chaussées deelt mat, dat den CR141 tëscht Mompech a Waasserbëlleg vu donneschdes (28.03.2024) bis freides inclus (29.03.2024) komplett gespaart gëtt.  Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert. Merci fir Äert Versteesdemech.Selon une communication de...

mehr lesen
Rosport – Route barrée (Rue Giesenbour)

Rosport – Route barrée (Rue Giesenbour)

Sehr geehrte Einwohner, Bedingt durch Befestigungsarbeiten am Hang entlang der Nationalstraße RN10 zwischen Rosport und Steinheim, wird die „Rue Giesenbour“ ab Dienstag, den 2. April 2024, bis voraussichtlich Mitte September 2024, auf einem Teilabschnitt für jeglichen...

mehr lesen
Skip to content