Ech engagéiere mech fir méi Biodiversitéit bei mir doheem
Den Natur- & Geopark Mëllerdall lancéiert eng Aktioun fir d’Biodiversitéit an eisen Dierfer ze fërderen an d’Insekten ze ënnerstëtzen. Verdeelt gi gratis Päck mat 6 Wëllstauden. Dobäi handelt et sech ëm Wëllstauden, déi op d’Buedemtyppen aus der Regioun ugepasst sinn. D‘Unzuel vun de Päck ass limitéiert.
Des Aktioun fënnt vum 22.- bis 28. Mee am Kader vun der Woch vum Natur- & Geopark statt. Wëllt Dir och bei Iech doheem an Ärem Gaart oder Balcon d‘ Biodiversitéit fërderen? Wei Dir erausfanne kënnt wéi ee Buedemtyp dir am Gaart hutt a weider Informatioune fannt dir ënner www.naturpark-mellerdall.lu/events/
![blue-flower-g324318883_1920](https://rosportmompach.lu/wp-content/uploads/2023/05/blue-flower-g324318883_1920.jpg)