Membership – Mayors for peace

Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Gemengen a Stied, déi sech der Friddensaarbecht, virun allem der atomaren Ofrëschtung, ugeschloss hunn. D’Organisatioun ass 1992 op Initiative vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn. 

Aus der Iwwerleeung, dat d’Buergermeeschtere fir d’Sécherheet an d’Liewe vun hiren Bierger verantwortlech sinn, probéieren d’Mayors for Peace Afloss op déi weltwäit Verbreedung vun Atomwaffen ze huelen an dës ze verhënneren. 

Säit dem 1. Mäerz 2021 ass d’Gemeng Rouspert-Mompech och Member vun dëser Organisatioun. 

Bis elo sinn iwwer 8000 Stied a Gemengen aus 165 Länner weltwäit dem Netzwierk bäigetrueden. Lëtzebuerg ass mat iwwer 60 Gemengen vertrueden an steet domadder un zweeter Plaz am Ranking vun den europäeschen Länner mat de meeschten Participanten.

Des articles de la même catégorie

Referendum

Referendum

Matdeelung vun der Gemeng Rouspert-Mompech am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale ReferendumVu d’Demande vum Comité d’initiative vum 26. Juli 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 27. Juli 2022 kritt...

mehr lesen
Arbeiten am Trinkwassernetz

Arbeiten am Trinkwassernetz

Mitteilung an die Einwohner der Ortschaft Osweiler Bedingt durch Arbeiten am Trinkwassernetz ist am Dienstag, den 26. Juli 2022 die Trinkwasserzufuhr von 14:00 Uhr bis ca. 17:00 Uhr unterbrochen. Wir bitten Sie, die nötigen Wasserreserven anzulegen.  Wir danken für...

mehr lesen
Brandgefahr /Risque d’incendie

Brandgefahr /Risque d’incendie

Eine Kombination aus hohen Temperaturen, anhaltender Trockenheit und starkem Wind kann dazu führen, dass sich Brände rasch entwickeln. Außerdem ist der Boden zu trocken, so dass sich Flammen schnell ausbreiten könnten. Grillen sie nur an speziell dafür ausgewiesenen...

mehr lesen