Nationalfeierdag 2021

Léif Matbiergerinnen a Matbierger aus der Gemeng Rouspert-Mompech,

De Nationalfeierdag 2021 kann duerch déi aktuell sanitär Situatioun ëmmer nach net esou gefeiert ginn, wéi mir et gewinnt waren.

De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Rouspert-Mompech, zesumme mat de Museken, de Sauerquakerten an de lokalen Pompjeeën aus der Gemeng Rouspert-Mompech, bréngen Iech dofir och dës Joer nees de Nationalfeierdag an engem klenge Film heem.

Kucke kënnt dir dëse Film um Virowend vu Nationalfeierdag, den 22. Juni 2021 ab 18:00 Auer

  • op Facebook an um Internetsite vun der Gemeng rosportmompach.lu
  • op Apart TV (Apart TV empfängt een um Kanal 82 vu Post TV an am ganze Réseau vun der Eltrona).

De Programm:

  • D’Uesweller Musik spillt de „Marche Jubilaire“
  • D’Sauerquakerten sange „Belsch Plaasch“ a „Flummilied“
  • Usprooch vum Buergermeeschter
  • D’Hierber Musek spillt de „Wilhelmus“
  • „Ons Heemecht“ gëtt gespillt vun der Burer Musik
  • Seege vum Paschtouer Luc Schreiner a Spille vun der „Sonnerie Nationale“
  • Néierleeën vun enger Gerbe beim Monument aux morts
  • D’Rousperter Musek spillt de „Marche Henri Tudor“

Mir wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag.

De Schäfferot

Des articles de la même catégorie

35. Grand-prix OST-Manufaktur

35. Grand-prix OST-Manufaktur

Der 5. Souvenir Marcel Gilles, der 35. Grand-Prix OST-Manufaktur und der 99. Grand-prix François Faber werden am Sonntag, 26. März 2023 nach den Regeln der Union Cycliste Internationale (UCI) und der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) ausgetragen....

mehr lesen
Altkleidersammlung

Altkleidersammlung

Dienstag, 21. März 2023 Bitte stellen Sie Ihren Sack mit den Kleidern, Schuhen oder anderen Textilien, gut verschlossen, erst am selben Tag auf den Gehweg. Die Säcke werden ab 8.00 Uhr morgens eingesammelt. Es werden keine Säcke von uns verteilt. Zusätzlich zu den...

mehr lesen
Relais pour la vie 2023

Relais pour la vie 2023

Dëst Joer fënnt den 25. an 26. Mäerz 2023 nees de Relais pour la vie statt. D’Sport- an Familljekommissioun vun der Gemeng Rouspert-Mompech organiséiert dofir e Mini - Relais pour la vie Sonndes, den 26. Mäerz 2023 Moies am Sauerpark. Hei kënnt dir op engem...

mehr lesen