Heimat deele mir Iech mat, datt de Gemengerot no der Demission vum Romain Osweiler als Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert-Mompech a senger haiteger Sitzung:
– dem Grand-Duc d’Stéphanie Weydert vun Mompech, Schäffen, fir d’Nominatioun op de fraïe Posten vum Buergermeeschter,
an
– der Inneministesch den Tom Leonardy, Conseiller vun Dickweiler , fir d’Nominatioun op de fraïe Posten vum Schäffen
proposéiert huet.
Sou wéi d’Fusiounsgesetz et virgesaït, setzt de Schäfferot sech da bis zu de nächste Walen aus 2 gewielte Vertrieder aus der Sektioun Mompech (Stéphanie Weydert, Jos Schoellen) an aus 2 gewielte Vertrieder aus der Sektioun Rouspert (Patrick Hierthes, Tom Leonardy) zesummen.
De Romain Osweiler bleift bis zur Vereedegung, déi fir Ufank September virgesinn ass, am Amt.
Matgedeelt vun der Gemeng Rouspert-Mompech, de 14. Juli 2022
Administration communale de Rosport-Mompach
Secrétariat communal
730066-200
