MAACHT MAT BEI DER EDITIOUN 2021!
D’Gemeng Rouspert-Mompech, an Zesummenaarbecht mat der Sport- a Familljekommissioun, invitéiert Iech fir um Relais pour la vie 2021 deelzehuelen.
Umellen kënnt Dir Iech bis den 20. Mäerz op der Gemeng iwwer: 73 00 66 – 234 oder per Mail un jonas.franz@rosportmompach.lu.
Duerno kritt Dir en Dossard per Mail geschéckt a verflicht Iech Iech de Weekend vum 27. an 28. Mäerz sportlech ze betätegen (lafen, trëppelen, Vëlo fueren) D’Gemeng iwwerhëllt d’Fraisë fir d’Aschreiwung, déi an d’Fonge fir d’Kriibsfuerschung investéiert ginn.
Hei kënnt Dir Iech de Flyer ukucken: Flyer – Relais pour la vie 2021
Méi Informatiounen fannt Dir och hei: www.relaispourlavie.lu
