Relais pour la vie 2023

Dëst Joer fënnt den 25. an 26. Mäerz 2023 nees de Relais pour la vie statt.

D’Sport- an Familljekommissioun vun der Gemeng Rouspert-Mompech organiséiert dofir e Mini – Relais pour la vie Sonndes, den 26. Mäerz 2023 Moies am Sauerpark.

Hei kënnt dir op engem virgezeechenten Parcours während 2 Stonnen (10:00 – 12:00Auer) lafen, walken oder einfach nëmmen trëppelen.

Ënnert dem Pavillon am Sauerpark zu Rouspert kréien d’Participanten an d’Supporter während där Zäit och eppes ze drénken an dat bis 13:00 Auer.

All d’Käschten vum Dag ginn vun der Gemeng iwwerholl, an d’frais d’inscriptions vun 15€ / Persoun  ginn un d’Fondation Cancer gespend.

Dir musst iech just bis den 20. Mäerz 2023 iwwer sportkommissioun@rosportmompach.lu mat Numm a Virnumm umellen.

Des articles de la même catégorie

35. Grand-prix OST-Manufaktur

35. Grand-prix OST-Manufaktur

Der 5. Souvenir Marcel Gilles, der 35. Grand-Prix OST-Manufaktur und der 99. Grand-prix François Faber werden am Sonntag, 26. März 2023 nach den Regeln der Union Cycliste Internationale (UCI) und der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois (FSCL) ausgetragen....

mehr lesen
Altkleidersammlung

Altkleidersammlung

Dienstag, 21. März 2023 Bitte stellen Sie Ihren Sack mit den Kleidern, Schuhen oder anderen Textilien, gut verschlossen, erst am selben Tag auf den Gehweg. Die Säcke werden ab 8.00 Uhr morgens eingesammelt. Es werden keine Säcke von uns verteilt. Zusätzlich zu den...

mehr lesen
Les rues au féminin

Les rues au féminin

Internationale Fraendag, den 8 Mäerz 2023 Who is she ? – Wien sidd Dir, Madam ? Den 15.09.1969 décidéiert de Gemengerot aus der fréierer Gemeng Rouspert eng Strooss zu Éiren der Hellegen Irmina ze benennen. D’Strooss geet aus der rue Henri Tudor fort laanscht dem...

mehr lesen