De François Bausch, Vize-Premier a Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten invitéiert Iech, eng vu senge 4 Presentatiounen zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau zu kucken.
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ginn dës Versammlungen net wéi geplangt an de Gemengen ofgehalen, mee Dir kënnt dës online am Livestream um Site www.transports.lu kucken.
Dir kënnt Är Froen am Viraus an och live per Email op folgend Adresse eraschécken: communication@mmtp.etat.lu .
De Minister beäntwert d’Froe live wärend der Presentatioun. D’Presentatioune ginn op folgenden Daten diffuséiert, Livestream ab 19h00:
- Mëttwochs, den 18. November 2020 – Regioun Ettelbréck
- Mëttwochs, de 25. November 2020 – Regioun Wolz
- Donneschdes, de 26. November 2020 – Regioun Réimech
- Mëttwochs, de 9. Dezember 2020 – Regioun Hesper
Iwwersetzungen op Franséisch si virgesinn, ausser fir d’Regioun Réimech (op Däitsch).