De Centre culturel „Fräihof“ zu Steenem

De Steenemer Fräihof gëtt et schonns zënter dem héiche Mëttelalter. Den Haff, deen dem Iechternacher Willibrordusklouschter gehéiert huet, huet e besonneschen rechtlechen Status genoss an huet keen Zéngt bräichten un de Grof vu Lëtzebuerg ofzeginn.

De Volleksmond seet, dat dësen Haff en Asylrecht hat. Wann e Mënsch verfollegt gouf an et him gelongen ass duerch d’Fräipaart an de Fräihof ze lafen, hat hien Asylrecht an hie konnt wärend 6 Wochen an 3 Deeg do bleiwen, ouni datt him iergend eppes geschitt ass. De Verwalter vum Haff huet souguer missen dofir suergen, datt hien en Ënnerdaach a genuch z’iessen an ze drénken hat. Wann hien et da fäerdeg bruecht huet, wärend dëser Zäit sech op d’mannst 3 Fouss baussent dem Fräihof opzehalen an rëm zréckzekommen, ouni datt hien erwëscht gouf, dann ass säin Asylrecht nach eng Kéier 6 Wochen an 3 Deeg verlängert ginn.

Gréisst vum Sall: 230.6 m²
Gréisst vum Foyer: 57 m²

D’Pläng vun de Säll fannt Dir hei:

Steinheim – Fräihof – Grundriss – EG + 1 OG

Steinheim – Fräihof – Ansichten

Steinheim – Fräihof – Lageplan

Adress:

3a, Rue de la Montagne
L- 6586 Steinheim

 

Skip to content