UNICEF Lëtzebuerg fiert dës Woch mat senger „Porte-à-Porte“ Campagne weider, dëst am Respekt vun den Gestes barrières. 

Bei dëser Campagne gi si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hir Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun dëser Organisatioun ze ginn. Dëst iwwert en Tablett.

UNICEF Lëtzebuerg huet all déi néideg Mesure geholl, vir d’Sécherheet vum Public an hire Mataarbechter ze garantéieren. D’Mataarbechter sinn instruéiert ginn, wéi si sech ze verhalen hunn a folgend Moossname goufen en place gesat:

  • Si hunn en Teppech vun 2 m dobäi, dee si bei der Hausdier ausrulle fir ze weisen datt si deen néidegen Ofstand anhalen.
  • Si hunn Masken un an Desinfektiounsmëttel derbäi.
  • Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, huet en bis elo ëmmer misse vun Hand op dem Tablett ënnerschreiwen. Fir de Kontakt op e Minimum ze reduzéieren, huet den Donateur elo 2 Méiglechkeeten:
    • Entweder kritt en e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en hirem Mataarbechter gëtt vir esou direkt an ouni Kontakt seng Domiciliatioun z‘aktivéieren.
    • Wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablett z‘ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt d‘Tablett virdrun desinfizéiert .

Weiderhi sinn och hir allgemeng Informatioune gülteg, wéi een d’Mataarbechter vun der UNICEF kann identifizéieren:

  • Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen
  • Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder an eng Sécherheetswest mat eisem Numm a Logo un.

D’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablett gemaach an net op Pabeier.

Weider Informatiounen fannt Dir op: www.unicef.lu 

Des articles de la même catégorie

Instruktioune fir d’Bréifwal

Instruktioune fir d’Bréifwal

D'Dokumenter fir d'Bréifwal sinn dës Woch un d'Bierger aus der Gemeng verschéckt ginn.  An der Enveloppe fannt Dir: Är Convocatioun Instruktioune fir de Wieler e Specimen mat der Lëscht vun de Kandidaten e bloë Walziedel eng brong Enveloppe "Contenu: Bulletin de vote"...

mehr lesen
Fermeture exceptionnelle – Mardi de Pentecôte

Fermeture exceptionnelle – Mardi de Pentecôte

Les bureaux de l'Administration communale de Rosport-Mompach resteront fermés le mardi de Pentecôte, le 30 mai 2023.  En cas d'urgence technique (p.ex. fuite d'eau), veuillez contacter le numéro suivant: 621 831 239. En cas d'urgence administrative (p.ex. décès),...

mehr lesen
Méi Biodiversitéit bei mir doheem

Méi Biodiversitéit bei mir doheem

Ech engagéiere mech fir méi Biodiversitéit bei mir doheem Den Natur- & Geopark Mëllerdall lancéiert eng Aktioun fir d’Biodiversitéit an eisen Dierfer ze fërderen an d’Insekten ze ënnerstëtzen. Verdeelt gi gratis Päck mat 6 Wëllstauden. Dobäi handelt et sech ëm...

mehr lesen