UNICEF Lëtzebuerg deelt mat, dat si d’nächst Woch mat hierer „Porte à Porte“ Campagne weiderfiert, dëst am Respekt vun de Gestes barrières a sanitäre Mesure.
Bei dëser Campagne ginn si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hier Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun der Organisation ze ginn. Dëst gëtt iwwert en Tablett gemach.
Wéi erkennt een en UNICEF-Mataarbechter?
– Si huelen keng Suen
– Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder an eng Sécherheetswest mat eisem Numm a Logo un
– D’Inscriptioun gëtt iwwert en Tablett gemach an net op Pabeier.
Wéider Informatiounen fannt Dir hei: www.unicef.lu/unicefteam