Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Gemengen a Stied, déi sech der Friddensaarbecht, virun allem der atomaren Ofrëschtung, ugeschloss hunn. D’Organisatioun ass 1992 op Initiative vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn. 

Aus der Iwwerleeung, dat d’Buergermeeschtere fir d’Sécherheet an d’Liewe vun hiren Bierger verantwortlech sinn, probéieren d’Mayors for Peace Afloss op déi weltwäit Verbreedung vun Atomwaffen ze huelen an dës ze verhënneren. 

Säit dem 1. Mäerz 2021 ass d’Gemeng Rouspert-Mompech och Member vun dëser Organisatioun. 

Bis elo sinn iwwer 8000 Stied a Gemengen aus 165 Länner weltwäit dem Netzwierk bäigetrueden. Lëtzebuerg ass mat iwwer 60 Gemengen vertrueden an steet domadder un zweeter Plaz am Ranking vun den europäeschen Länner mat de meeschten Participanten.

Des articles de la même catégorie

UNICEF – Aktioun Porte-à-Porte

UNICEF – Aktioun Porte-à-Porte

UNICEF Lëtzebuerg fiert an der Woch vum 21. Januar bis den 27 Januar 2024 mat senger "Porte-à-Porte" Campagne weider, dëst am Respekt vun den Gestes barrières. Bei dëser Campagne gi si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hir Aarbecht z’informéieren an hinnen...

mehr lesen
RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

En raison de travaux routiers, la N.10 entre Rosport et Steinheim sera barrée à toute circulation le mardi 7 mai 2024 de 8h00 à 17h00. Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux. AVIS RGTR - 286_2024_N10 Rosport - Steinheim Pour plus...

mehr lesen
Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Ponts & Chaussées deelt mat, dat den CR141 tëscht Mompech a Waasserbëlleg vu donneschdes (28.03.2024) bis freides inclus (29.03.2024) komplett gespaart gëtt.  Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert. Merci fir Äert Versteesdemech.Selon une communication de...

mehr lesen
Skip to content