Heimat deele mir Iech mat, datt de Gemengerot no der Demission vum Romain Osweiler als Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert-Mompech a senger haiteger Sitzung:

– dem Grand-Duc d’Stéphanie Weydert vun Mompech, Schäffen, fir d’Nominatioun op de fraïe Posten vum Buergermeeschter,

an

– der Inneministesch den Tom Leonardy, Conseiller vun Dickweiler , fir d’Nominatioun op de fraïe Posten vum Schäffen

proposéiert huet.

Sou wéi d’Fusiounsgesetz et virgesaït, setzt de Schäfferot sech da bis zu de nächste Walen aus 2 gewielte Vertrieder aus der Sektioun Mompech (Stéphanie Weydert, Jos Schoellen) an aus 2 gewielte Vertrieder aus der Sektioun Rouspert (Patrick Hierthes, Tom Leonardy) zesummen.

De Romain Osweiler bleift bis zur Vereedegung, déi fir Ufank September virgesinn ass, am Amt.

Matgedeelt vun der Gemeng Rouspert-Mompech, de 14. Juli 2022

 

 

Administration communale de Rosport-Mompach

Secrétariat communal

730066-200

secretariat@rosportmompach.lu

Des articles de la même catégorie

UNICEF – Aktioun Porte-à-Porte

UNICEF – Aktioun Porte-à-Porte

UNICEF Lëtzebuerg fiert an der Woch vum 6. Mee bis den 11. Mee 2024 mat senger "Porte-à-Porte" Campagne weider, dëst am Respekt vun den Gestes barrières. Bei dëser Campagne gi si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hir Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze...

mehr lesen
RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

RN10 – Rosport-Steinheim – Route barrée

En raison de travaux routiers, la N.10 entre Rosport et Steinheim sera barrée à toute circulation le mardi 7 mai 2024 de 8h00 à 17h00. Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux. AVIS RGTR - 286_2024_N10 Rosport - Steinheim 2024-05-03 AVIS -...

mehr lesen
Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Route barrée entre Mompach et Wasserbillig

Ponts & Chaussées deelt mat, dat den CR141 tëscht Mompech a Waasserbëlleg vu donneschdes (28.03.2024) bis freides inclus (29.03.2024) komplett gespaart gëtt.  Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert. Merci fir Äert Versteesdemech.Selon une communication de...

mehr lesen
Skip to content