Den Natur- & Geopark Mëllerdall lued zesummen mam Energiepark Mëllerdall an der Klima-Agence op zwee Informatiounsowender ronderëm d’Thema Photovoltaik an

27. Juni 2023 um 19.30 Auer zu Bech am Centre Culturel “Hanner Bra” (11, Hanner Bra, 6231 Bech)

13. Juli 2023 um 19.30 Auer zu Hiefenech am Centre culturel et sportif (13, Stenkel, 7652 Heffingen)

Et erwaart Iech folgende Programm:

Allgemeng Aféierung Photovoltaik

Maurice Casel – Klima-Agence

Den Expert vun der Klima-Agence informéiert Iech ëmfaassend iwwer d’Thema Photovoltaik. Wéi eng Flächen eegnen sech fir eng PV-Anlag? Wéi héich sinn d’Aspeisetariffer a wéi eng finanziell Bäihëllefe ginn et? Wéi kann ech mäin produzéierte Stroum selwer notzen?

Vun der Theorie an d’Praxis

Laurent Hennico – Energiepark Réiden

Wéi gesinn Eegeverbrauchsprojete mat Batteriespäicher an der Praxis aus? Wéi eng Erfarungswäerter ginn et mat sougenannte Balkonkraaftwierker?

Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall”

Marc Weides – President Energiepark Mëllerdall

Dir hutt keng eegen Dachfläch, ären Dach eegent sech net fir eng PV-Anlag oder en ass scho voll beluecht? Dann ass eng Bedeelegung un der regionaler Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall” villäicht dat richtegt fir Iech. Mir stellen Iech déi regional Energiekooperativ an hir Projete vir an erklären Iech, wéi Dir Member gi kënnt.

Gratis Entrée, eng Umeldung ass net néideg.

La séance d’information aura lieu en luxembourgeois, une traduction orale directe en français pourra être assurée, s’il y a au moins 3 intéressés. Pour bénéficier de ce service, une inscription au plus tard jusqu’au 22.6. / 10.7. est obligatoire (info@naturpark-mellerdall.lu, tél.: 26 87 82 91-24).

Flyer PV-Events 2023

Des articles de la même catégorie

Gemengebuet – ROMO N°13

Gemengebuet – ROMO N°13

Déi nei Editioun vum Gemengebuet – ROMO N°13 – ass do! Dir fannt de Gemengebuet an Ärer Boite oder online: ROMO N°13 Vill Spaass beim Liesen.Le nouveau bulletin – ROMO N°13 – est arrivé! Vous trouvez l’édition du bulletin communal dans votre boître aux lettres ou ici:...

mehr lesen
34ème cyclosportive “La Charly Gaul”

34ème cyclosportive “La Charly Gaul”

Le Vélo-Club ACC Contern a l’honneur de vous informer qu’il organisera cette année-ci la 34e édition de sa traditionnelle cyclo-sportive « La Charly Gaul » en date du dimanche 1er septembre 2024 en collaboration avec la Ville d’Echternach. Les cyclistes passeront par...

mehr lesen
Skip to content