Dëst Joer fënnt den 25. an 26. Mäerz 2023 nees de Relais pour la vie statt.

D’Sport- an Familljekommissioun vun der Gemeng Rouspert-Mompech organiséiert dofir e Mini – Relais pour la vie Sonndes, den 26. Mäerz 2023 Moies am Sauerpark.

Hei kënnt dir op engem virgezeechenten Parcours während 2 Stonnen (10:00 – 12:00Auer) lafen, walken oder einfach nëmmen trëppelen.

Ënnert dem Pavillon am Sauerpark zu Rouspert kréien d’Participanten an d’Supporter während där Zäit och eppes ze drénken an dat bis 13:00 Auer.

All d’Käschten vum Dag ginn vun der Gemeng iwwerholl, an d’frais d’inscriptions vun 15€ / Persoun  ginn un d’Fondation Cancer gespend.

Dir musst iech just bis den 20. Mäerz 2023 iwwer sportkommissioun@rosportmompach.lu mat Numm a Virnumm umellen.

Des articles de la même catégorie

Gemengebuet – ROMO N°13

Gemengebuet – ROMO N°13

Déi nei Editioun vum Gemengebuet – ROMO N°13 – ass do! Dir fannt de Gemengebuet an Ärer Boite oder online: ROMO N°13 Vill Spaass beim Liesen.Le nouveau bulletin – ROMO N°13 – est arrivé! Vous trouvez l’édition du bulletin communal dans votre boître aux lettres ou ici:...

mehr lesen
34ème cyclosportive “La Charly Gaul”

34ème cyclosportive “La Charly Gaul”

Le Vélo-Club ACC Contern a l’honneur de vous informer qu’il organisera cette année-ci la 34e édition de sa traditionnelle cyclo-sportive « La Charly Gaul » en date du dimanche 1er septembre 2024 en collaboration avec la Ville d’Echternach. Les cyclistes passeront par...

mehr lesen
Skip to content